Centre de Langues Luxembourg (CLL)

De Centre de Langues Luxembourg (CLL) ass vum Erzéiungsministère gegrënnt gi mam Haaptzil d’Lëtzebuerger Sprooch an och aner Friemsproochen ze ënnerriichten. Hei gi Course fir Erwuessener a Jugendlecher ofgehal.
Zu Lëtzebuerg, wou een Drëllel vun den Awunner Auslänner sinn, besteet eng grouss Nofro fir Sproochecoursen an de CLL offréiert allgemeng a spezialiséiert Coursen fir Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch,Spuenesch, Italienesch, Portugisesch an Hollännesch.
Déi zweet Aufgab vum CLL ass d’Zertifikatioun vun de Kompetenzen a verschidde Sproochen.
De CLL ass responsabel fir d’Organisatioun vun den Examen an d’Zertifikatioun vun de Sproochkompetenzen fir d’Lëtzebuerger Sprooch. En ass och den offiziellen Examenszentrum fir folgend Institutiounen : Alliance Française an DELF/DALF, University of Cambridge ESOL Examinations ,Goethe-Institut, Test DaF, Instituto Cervantes, De Nederlandse Taalunie, Università per Stranieri, Perugia, Centro de Avalação de Português Lingua Estrangeira.
D’Diplomer fir Lëtzebuergesch ginn am CLL fir den Erzéiungsministère ausgestallt. Jidderee ka sech aschreiwen, egal wou e wunnt oder wou an engem Cours ageschriwwe war. D’Exame ginn zweemol pro Joer ofgehal.
Dës Examen, no Schwieregkeetsgrad klasséiert, ginn ugebueden:
| Zertifikat Lëtzebuergesch als Friemsprooch (ZLaF) |
Niveau A2 |
| Éischten Diplom Lëtzebuergesch als Friemsprooch (1DLaF) |
Niveau B1 |
| Zweeten Diplom Lëtzebuergesch als Friemsprooch (2DLaF) |
Niveau B2 |
| Ieweschten Diplom Lëtzebuergesch (IDL) |
Niveau C2 |
All Exame besteet aus véier Deeler:Héierverständnes, Liesverständnes, Schrëftlech Ausdrock, mëndlechen Ausdrock. De Kandidat ka wielen, a wat fir Kompotenzen e sech aschreift. Nëmmen um ieweschten Niveau, dem Ieweschten Diplom, muss en déi véier Deeler maachen.
For further information:
Contact 1: Madame Gaby Kunsch
Contact 2: Madame Ines Quaring
Centre de Langues
21, boulevard de la Foire
L-1528 Luxembourg
Luxembourg
|